Gebakene Fësch beim FC Monnerech

Foto vun Marco Bertamé



15 April 2022

No zwee Joer wou näischt konnt organiséiert ginn, konnt dëst Joer op Karfreideg endlech nees gebakene Fësch um Stade Communal vu Monnerech degustéiert ginn. Op Äschermëttwoch hat den FCM sech nach entscheet fir just Take Away a Liwwerungen ze maachen.
 
Op Karfreideg war et wéi gesot nees esou wäit fir Leit ze empfänken. Ronn 150 Fësch sinn ënnert d'Leit komm, dobäi ass d'Hallschent vun de Leit op Plaz iesse komm. An déi waren all frou, dass se op de Monnerecher Terrain konnte kommen a mat de Kolleegen a Bekannten schwätzen konnten. Anscheinend war de Fësch exzellent. Déi an der Kichen hate sech och extra Méi ginn an de Service ass och gutt bei de Leit ukomm. Jee, alles huet geklappt.
 
Et ass am Zelt giess ginn dat fir den Ouschtercup opgeriicht ginn ass. An um Terrain huet een och schonn d'Virbereedungen heifir gesinn. Eng ganz Rei vun de Leit déi haut do waren, wäerten Ouschterméinden zeréck op den Terrain kommen fir sech eisen traditionellen Ouschtercup,  deen jo och zwee mol ausgefall war, unzekucken. Moies um hallwer néng geet et lass a bei schéinem Fréijoerswieder ginn nawell ganz vill Leit erwaart. Kommt och dir op Monnerech.
 
#wearefcm