Generalversammlung 2019

Foto vun Marco Bertamé



08 July 2019

No enger Gedenkminutt zu Éieren vun eisen verstuerwenen Memberen huet de President José Dhur op eng Top ofgelafen Saison erënnert wou eis éischt Ekipp no 2 Joer an der 1. Divisioun et nees an d'Éierepromotioun gepackt huet. De Merci goung u Spiller an Trainerstaff wou den Angelo Fiorucci mam Claude Heinz an de Mauro Castellani an déi drëtten Saison ginn, esou wéi un all Benevole deen wärend der ganzer Saison gehollef huet eiser éischter Ekipp de Wee zu enger suergefräier Saison fräi ze maachen. Séier huet hien awer och der Gemeng a speziell dem Buergermeeschter Jeannot Fürpass e groussen Merci ausgeschwat fir dee flotten Ënnerstand um Terrain 2 esou wéi dee gehëtzten Container mat flottem Design deen och vun der Jugend immens appreciéiert gëtt. Säit Februar 2019 huet den FCM en Platzwart deen net nëmmen vill Saachen erleedegt an fir Uerdnung suergt, mä deen och Synonym vun Sécherheet ass. Säi Merci goung och un den Eric Breckler, eisen Directeur Sportif, deen seng Funktioun als Benevole mécht an der éischter Ekipp gutt weider bruecht huet. Schlussendlech huet hien e speziellen Merci un den Organisatiounscomité vum Ouschtercup a seng 100 Benevollen ausgeschwat.

De Vize-President Jupp Biever huet déi eenzel Leit aus de Comitéen opgezielt an sportlech Statistiken erwäänt. Duerno huet de Norbert Burelbach fir d'Jugendkommissioun ergraff. Hien hat nawell vill iwwert d'Aktivitéiten z'erzielen. 270 Spiller mat 11 Ekippen hat Jugend Opweises, woubäi awer net all Jugendlechen de Weekend Mätscher spillen wëllt. Ëmmerhin 150 Turnéier sinn besicht ginn. Déi éischt Woch an der grousser Vakanz ass e Fussballstage vum FC Köln op eiser Fussballanlag ofgehalen ginn. D'lescht Joer sinn 50 Kanner komm, dëst Joer sinn et der schonns 75. 3 Wochen méi spéit gëtt nees e Summercamp mat eisen Trainer organiséiert. Fir déi nächst Saison ginn zwou Ententen mat Suessem gemaach. Eng bei de Scolaires an eng zweet bei de Cadets. Dem Norbert säi Schlusswuert war der Fairness gewidmet woubäi de Motto heescht: Léiwer fair verléieren wéi onfair gewannen.

De José Dhur huet vun engem equilibréierten Budget geschwat (285 EUR Boni) woubäi awer opfält, dass Besicherzuelen par Rapport zu der vireschter Saison erof gaangen sinn, obwuel den FCM ëm den Opstiig gespillt huet. Och Buvetten hunn manner eran bruecht. Mol kucken wéi dat an der neier Saison leeft wann Top Ekippen wéi zb. Hesper op Monnerech kommen.  D'Reviseurs de Caisse -déi och d'nächst Joer weider maachen - hunn d'Konnten a Chifferen kontrolléiert a gutt geheescht. DE Comité krut seng Décharge a vun deenen véier Membres sortants  maaceh der dräi weider: Gianni Galasso, François Vedie an José Dhur iwwerdeems d'Liane Galasso ophält an de Luc Kremer als cooptéierten Member bestätegt gouf.


De Buergermeeschter Jeannot Fürpass huet de Benevolat am Club gelueft an de Club fir den Opstig an d'Éierepromotioun felicitéiert wou een senger Meenung och higehéiert. Hien huet ënnerstrach, dass d'Gemeng zu deem steet wat si seet a versprécht an esou huet hien och gesot, dass an noer Zukunft eng LED Beliichtung op d'Monnerecher Terrainen kommen wäert, wat méi eng modern a besser Beliichtung bedäit awer och de Käschtepunkt vun der Consommatioun bedeitend erofsetzen wäert. No 20 Joer Stade Communal sinn elo Entretienaarbechten a Verbesserungen néideg. Esou ass geplangt no der Heizung ze kucken  oder nach weider punktuell Verbesserungen um Terrain 2 virzehuelen. Wat d'Jugendententen tëscht Monnerech a Suessem ubelaangt, sou géif sech do och Gedanken gemaach ginn wéi een en Transport organiséieren kann. Zum Ofschloss huet hien der éischter Ekipp bonne Chance fir déi nei Saison gewënscht.

Zu gutt a Lescht krut d'Liane Galasso mat engem Bouquet Blummen an de Jerry Storn mat enger Corbeille Merci fir hiren Asaz fir de Club gesot. Allen zwee halen si op, wäerten awer nach do sinn wann si gebraucht ginn. De groussen RDV ass den 18. August fir den éischten Spilldag am Championnat wann et géint den FC Mamer 32 geet.

Zum Ofschloss gouf et nach bei Smalltalk a Patt an eppes vum Grill.