Gudde Start vun eise Junioren

Foto vun Marco Bertamé



04 March 2017

Gutt sinn eis Juniors an déi 2. Ronn vum Championnat gestart. Fir dësen éischte Match am Joer ass et op d'Escher Grenz bei d'Jeunesse gaangen. Eis Jonge sinn gutt an de Match komm a sinn no knapp zéng Minutte mat 0:1 a Féierung gaangen. De Joao Lopes ass op riets geschéckt ginn, gëtt dann op de Fabio Oliveira zeréck deen sech net bieden léisst an a sengem éischt Match vun der Saison direkt e Goal schéisst. Déi Escher hunn probéiert ze äntwere mä hunn keng Léisung fonnt an esou konnten eis Jonge gekonnt déi knapp Féierung an't Paus retten.



An der zweeter Halschent ass d'Jeunesse weider drun bliwwe während Monnerech op Konter gewaart huet. Et ass gutt gekämpft ginn a wann e Ball mol verluer gaangen ass, dann ass nogesat ginn an et huet een sech de Ball zeréck erkämpft. Esou an der 63. Minutt wou de Max Bertamé no verluerenem Ball de Géigner ënner Drock setze geet an nodeems hie mam Ball fort ass, op riets gefoult gëtt. De fällege Fräistouss bréngt den Tom Volkmann schéi virun de Goal wou de Samuel Di Donato ganz fräi virum Goalkipp steet. Säi Kappball kann de Goalkeep nach ofwieren, mä säin Noschoss awer net. Et ass de virentscheedenden 0:2. D'Jeunesse probéiert et an den FCM steet elo ze déif. An der 68. Minutt kréien déi Escher en Handeelefmeter zougesprach. De Michel Müller hëllt deen awer eraus a kann esou seng Equipe am Match halen. Et war net seng eenzeg decisiv Aktioun vun him an dësem Match. An der 72.' hat de Max Bäcker den 0:3 esou guer um Fouss. Säi gefillvolle Schoss aus der Distanz geet op d'Lat. Duerno hunn déi Escher nach eng Kéier alles dru gesat, mä entweder waren si ze ongenee oder déi Monnerecher Ofwier hat alles am Grëff. Esou sinn eis Jonge mat deenen dräi Punkten an der Täsch heem gefuer.



Am fréien Owend haten dann och eis Seniors Réserves hiren éischte Match an der Réckronn um Programm. Et ass doheem géint den FC Rodange 91 gaangen. Trotz enger Rei Goalchancë sollt et net fir si sinn an esou ass dëse Match mat engem 0:0 ausgaangen. Do muss nach eng Steigerung kommen dass een sech an der éischter Klass hale kann. Hoffe mer just, dass eis éischt Équipe et um Sonnden zu Rodange besser mécht.