Juniors: Clever a geschlossen zu dräi Punkten

De Luc Schneider hat vill Fräiheeten Foto vun Marco Bertamé



15 October 2016

No deem onnéidegen Gläichspill géint Beetebuerg wou eis Juniors virun enger Woch zwee onnéideg Punkten hänken gelooss haten, ass et op dësem Weekend géint déi Escher Jeunesse gaangen. Onnéideg ze soen, dass jiddereen drop aus war fir dat nees gutt ze maachen.

Déi éischt véierel Stonn haten eis Jongen awer Problemer fir richteg an de Match ze kommen. D'Jeunesse huet méi staark geschéngt an hat direkt eng Chance an der 4.'. De Ball ass awer iwwert de Goal geflunn. An der 12.' huet de Joao et probéiert mä hei huet den Escher Goalkeep excellent reagéiert. Eng Minutt drop huet de Michel Müller gutt reagéiert an e Wäitschoss entschäerft. Elo sinn eis Jongen lues a lues an hire Rhythmus komm an an der 19.' kritt de Gilles Sassel no enger schéiner Kombinatioun de Ball a schéisst aus kuerzer Distanz. De Goalkeep reagéiert nees ganz gutt an lenkt de Ball an de Corner. De Goal kënnt an der 27.'. De Warren Dos Santos mécht eng wonnerbar wäit Pass op de Max Welfring, an deen setzt sech géint de Goalkeep duerch a setzt zum 1:0 eran. Fënnef Minutten méi spéit war d'Chance fir den zweete Goal do, mä de Samuel Di Donato fënnt de ganz fräien Max Welfring leider net. Zwou Minutten drop wiert d'Jeunesse en Ugrëff of, de Luc Schneider huet Plaz a schéisst aus 25 m zum 2:0 eran. Direkt duerno erkämpft de Luc sech e Ball, zitt bis op d'Linn a schéisst schaarf virun de Goal wou de Gilles Sassel volley schéisst an d'Lat un't wackelen bréngt. An an der 41.' gëtt de Max Welfring mustergülteg op de Joao Lopes deen sech de Ball awer leider ze wäit fir leet. Dat war eng weider ganz gutt Goalchance.



Direkt nom Wiessel setzt de Luc Schneider en Zeechen andeems hien en Wäitschoss probéiert a säin Zil knapp verfeelt. An der 58.' kritt hien de Ball op 40 m, a wéi esou oft huet hien vill Plaz esou, dass hien de Max Welfring gutt lancéieren kann an dee léisst sech net bieden a setzt zum 3:0 eran. Véier Minutten gëtt hien op hallefriets geschéckt a viséiert de laangen Eck. De Goalkeep deen him entgéint komm ass kann nach ofwieren, awer just virun de Goal wou de matgelafenen Luc Schneider just brauch eran ze drécken. Elo gëtt de Match just zu enger Routinesaach. an der 71.', Diogo De Matos op de Luc Schneider, deen op de Max Bäcker a Potto! Et geet esou weider. Zwou Minutten drop, Fabio Mendes schéin op de Max Welfring deen awer um Goalkeeper sengem Fouss scheitert. Dann nach zwou ganz gutt Goalchance fir de Max Welfring, mä leider huet hien sech de Ball all Kéiers en Tick ze wäit fir geluecht. Eng Onopmierksamkeet an der 82.' verhëlleft der Jeunesse nach den Éieregoal ze schéissen. Mat 4:1 wannen eis Jongen héichverdéngt géint déi Escher. Bravo un eis Jongen déi haut wierklech als Equipe opgetruede sinn. Si sinn no enger schwéieren Ufanksphase ëmmer roueg bliwwen an hunn sech gesteigert. Wann een de Ball net krut, da war de Kolleg eben do. Et huet een fir deen aneren gekämpft an de Wëllen fir ze wannen war grouss. Weider esou Jongen!



De nächste Weekend hunn eis Jongen duerch de Forfait géint Rodange Paus. Esou hunn si kee Match méi bis de 5. November. Dann geet et an der 1/16 Finale vun der Coupe du Prince géint d'Ent. Stroossen/Mamer.