Juniors verschenken zwee Punkten

Den Tom Volkmann, méi schnell wéi säi Géigespiller Photo par Marco Bertamé



08 October 2016

Nom schéinen Erfolleg géint Schëffleng haten eis Jongen Beetebuerg op Besuch.Eis Jongen hunn direkt Initiativ geholl an no 8 Minutten huet de Max Bertamé ze héich geziilt. An der 12. Minutt schéinen Spillzuch vun eise Jongen. De Joao Lopes Flankt op den éischte Potto, de Max Welfring verlängert mam Kapp fir de Samuel Di Donato deen dann awer dolaanscht schéisst. Vu Beetebuerg war net vill ze gesinn, ausser an der 20.' wou si no engem Konter allerdéngs ganz knapp dolaanscht schéissen. An der 26.' kënnt dem Diogo De Matos seng Flank ganz geféierlech an de 5m Raum. Dann, 3 Minutten drop, e Corner op den 2. Potto wou de Joel Seixas de Ball zeréck käppt, an do ass de Kapitän Max Bertamé deen de Ball zum 1:0 era käppt. Virun der Paus kënnt de Michel Müller gutt eraus a rett.



Nom Säitewiessel geet et genee esou weider wéi an der éischter Halschent. Monnerech dominéiert. An der 50. Minutt spillt de Max Bertamé schéin op de Joao Lopes eraus, deen kann awer aus senger gudder Positioun näischt maachen a schéisst dolaanscht. Eng Minutt drop gëtt hien vum Luc Schneider gutt ugespillt. Hien steet ganz fräi virum Goalkeep, kann awer eréischt am zweeten Ulaf era setzen. Elo denkt een sech, wéini fält dee nächste Goal. No enger Stonn geet de Max Welfring wéinst Krämpercher eraus an den Trainer baut ëm. Eng Millimeterflank vum Max Bertamé op de Kapp vum Joel Seixas hät d'Virentscheedung bedeit, mä säi Kappball geet un de banneschten Potto. Et leeft awer net méi richteg a wéi aus dem Näischt schéisst Beetebuerg no engem Konter den Uschlossgoal. No enger Flank, druddelt de Ball iergendwéi an de Goal. An der 78, nees e Konter, déi ganz Verdeedegung ass opgedeckt, de Michel Müller kënnt aus sengem Goal a gëtt gelobt. 2:2! Onwahrscheinlech. Ee Match deen eis Jongen dominéiert haten a schonns an der Täsch haten, hu si nach aus der Hand ginn. Si probéieren et awer nach an an der 90.' hat de Lux Schneider no guddem Uspill vum Max Bertamé déi Risechance fir déi dräi Punkten dach nach ze huelen. Ganz fräi virum Goalkeep verzitt hien allerdéngs knapp. Dann war et eriwwer an als Fazit kann ee roueg soen, dass eis Jongen haut zwee Punkten verluer hunn.