Juniors ze naiv !

De Francisco Da Cruz krut an der Nospillzäit Rout gewisen Foto vun Marco Bertamé



06 November 2016

Eis Juniors hunn um Samschden an der 1/8 Finale vun der Coupe du Prince géint d'Entente Stroossen/Mamer gespillt an hunn et leider net gepackt. Schold dorunner war eng ze läppesch éischt Halschent wou een ze wäit vum Mann stoung. Nom Téi sinn eis Jongen zwar ganz motivéiert an déi zweet Halschent gaangen, hunn et awer duerno net méi fäerdeg bruecht eng vun deenen gudden Geleeënheeten ze verwäerten.



Monnerech schéngt gutt am Match ze sinn well d'Jongen loossen de Ball gutt lafen. Mat der éischter Goalchance an der 12.' ginn d'Gäscht awer gläich a Féierung. E schnellen Konter mat engem Ball an't Spëtzt an de Michel Müller huet keng Chance. An der 21.' erhéijen si esou guer op 0:2. Dat nennt een realistesch! Aus 15m geet ee Schoss an de laangen Eck. Méiglecherweis huet den Arbitter awer hei eng Abseitsstellung net erkannt. Iwwerhaapt huet hien haut mat zwee erlee Mooss gepaff. Giel a rout Kaarten krut den FCM, awer net de Gaascht fir deels méi schlëmm Fouls. Mä dowéinst hunn eis Jongen awer net verluer. Den FCM wollt sech awer net esou offäerdegen loossen an gläich nom Mamer Goal hat de Max Welfring eng gutt Geleeënheet. Säi Kappball geet knapp laanscht.Dann schéisst de Joao Lopes liicht iwwert de Goal befiert de Luc Schneider Pech huet mat engem Schoss aus der zweeter Rei. Dee gëtt just virun de Linn mam Kapp ofgewiert. Dann haten eis Jongen awer Chance. Déi Mamer kommen ganz schnell iwwert d'Säit no fir. d'Flank kënnt gutt an't Mëtt wou ee Spiller fir deen aneren ofleet, de Michel Müller kann deem säi Schoss awer paréieren.



No der Paus sinn eis Jongen ganz motivéiert an direkt fënnt de Luc dee richtegen Timing an zerwéiert de Max Welfring mustergülteg deen äiskal zum 1:2 eran setzt. Monnerech krit Iwwerwaasser. Et feelt awer den absoluten Wëllen fir méi ze wëllen. An der 68.' huet de Max Welfring awer bal vun engem Feeler profitéiert fir den Ausgläich ze schéissen. Hien geet elleng op de Goal zou an trëfft dann de Goalkeep deen him entgéint komm ass.. E Fräistouss vum Gilles Sassel an der 76.' geet iwwert de Goal. An der 83.' eng weider héichkaräteg Goalchancen fir zum verdéngten Ausgläich ze kommen. De Max Welfring ass op der Säit a flankt ganz gutt fir de Luc Schneider deen um zweeten Potto ganz elleng ass. Anstatt direkt of ze zéien leet hien sech de Ball nach op deen anere Fouss an dann gëtt säi Schoss ofgeblockt. An der 89.' kënnt e Ball op de Max Welfring deen fir de Lu Schneider ofleet. Deem säi Schoss gëtt ofgefälscht an zischt knapp laanscht Kräiz. Elo ass Monnerech presséiert, Mamer huet Zäit an hei hëlleft hinnen déi vill Spillënnerbriechungen. De Michel Müller huet nach eng schéin Parade op ze weisen an dann flitt de Francisco Da Cruz vum Terrain. Et war Foul kloer, awer hien war net leschte Mann! A just virdrun hat Mamer fir e méi schlëmmen Foul guer keng Kaart krut.: Naja, de Francisco war grad 10 Minutten am Spill. No 6 Minutten Nospillzäit huet den Arbitter dann ofgepaff an eis Jongen goungen enttäuscht vum Terrain. Elo kënnt si sech voll a ganz op d'Championnat konzentréieren.