Käerjeng, Déifferdeng an Fola sinn d'Gewënner op Ouschterméindeg um Ouschtercup 2018

Foto vun Marco Bertamé



02 April 2018

Op Ouschterméindeg gouf et Fréibiren fir d'Organisateuren an d'Benevollen vum Ouschtercup, schlussendlech huet um 8:30 alles missen prett sinn fir de Startschoss bei de Poussins. Mä och Trainer mat hire Spiller hu missen disziplinéiert sinn fir mat Zäiten um Monnerecher Site ze sinn. An dat huet geklappt, well alle 24 Ekippen waren do! Bravo a Merci un all Ekipp déi komm ass.
24 Ekippen, dat ass e neien Rekord deen e neien Spillmodus mat sech gezunn huet. D'Virronn gouf a véier Gruppen mat jee sechs Ekippen gespillt. Monnerech war mat dräi Ekippen ugetrueden, mä no fënnef Mätscher an der Virronn, ware si allen dräi op der leschter Plaz. A KO-Mätscher ass et elo weider gaangen. Et gouf an engem ënneschten Tableau, an engem mëttleren Tableau an an engem ieweschten Tableau gespillt. An den Halleffinallen konnten Käerjeng an Déifferdeng sech jeeweils kloer duerch setzen. D'Verléierer hunn fir déi drëtte Plaz gespillt. Hei huet déi Escher Fola mat 3:1 d'Iwwerhand iwwert den FC Kielen behalen. Vill méi spannend war d'Finale tëscht Déifferdeng a Käerjeng. Manner wéi 30 Sekonnen viru Schluss huet Käerjeng den decisive Goal zum 2:1 geschoss an huet den Ouschtercup 2018 deemno fir sech entscheet.

Monnerech A koum op déi 21. Plaz, Monnerech B op déi 23. Plaz a Monnerech C op déi 24. Plaz


Nomëttes ass et ab 14:00 Auer mat de Pupilles an de Bambinis viru gaangen. Hei waren dann och déi meeschten Leit do, an et waren der bei zäitweis sonnegem Wieder an agreabelen Temperaturen net wéineg. Elleng op Ouschterméindeg hate mir 1100 Payants déi duerch d'Kees gaange sinn! Och hei sinn d'Ekippen all komm, an dat freet eis als Organisateur natierlech.

Bei de Pupilles war Monnerech mat 2 Ekippen ugetrueden. Monnerech A koum op déi zweete Plaz an hirer Grupp an huet deemno ëm Plazen 5-8 gespillt. Si koumen schlussendlech op déi gutt 6. Plaz. Monnerech B huet ëm Plazen 13-16 gespillt an huet sech um Enn op déi 14. Plaz klasséiert. Den Titel hunn Déifferdeng, Bieles, Weiler an Veymerange (F) ënnert sech aus gemaach. Dat war um Schluss och d'Reiefolleg vum Klassement.


Bei de Bambinis ass och gudde Spektakel a Fussball gebuede ginn. Déi kleng Butzen hunn alles ginn an hunn mat Leidenschaft gekämpft. Monnerech A konnt zwar net gewannen, huet sech awer mat senger ganz gudder 3. Plaz eng Coupe séchere kënnen. Déi Escher Fola war net ze schloen an huet virun de Yellow Boys Weiler gewonnen. Op déi 4. Plaz koum de Progrès Nidderkuer. Monnerech B  koum ëmmerhin nach op déi 8. Plaz.

Och dëst Joer kënne mir ganz stolz nees behaapten, dass eisen Ouschtercup e vollen Erfolleg war. Mir soen all de Benevollen, der Gemeng, dem CIGL, de Politiker an der Sportskommissioun, jee, all deene déi an iergend enger Form zum Erfolleg vun deem wichtegsten Event vum FC Monnerech bäigedroen huet, e ganz grousse Merci a ginn iech fir 2019 fir déi 16. Editioun RDV.


Am Anhang fann der all d'Resultater esou wéi d'Gewënnerlëscht vun der Gratis Tombola déi un d'Entréesticketen gekoppelt war.



klassement poussins oc 2018.pdf

klassement pupilles oc 2018.pdf

klassement bambinis oc 2018.pdf

tombola gratuite oc 2018.pdf