Mam Bus op Wolz
Foto vun Marco Bertamé
22 August 2019
De Sonnden ass deen zweeten Championnatsmatch vun der neier Saison, an deen spillt eis éischt Ekipp am héijen Norden zu Wolz.
Den FC Monnerech mécht den Deplacement mam Bus. Supporter kënnen do matfueren, esou brauch net jiddereen mat sengem eegenen Auto ze fueren. Kommt einfach mat an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp. De Rdv ass de Sonnden um 13:15 Auer um Parking vum Stade Communal. De Bus fiert pünktlech um 13:30 fort.