Mam Fan-Bus op de leschten Match

Foto vun Marco Bertamé



20 May 2022

De Sonnden ass dee leschten Spilldag vum Championnat. Den FCM Monnerech muss sech op Rëmeleng deplacéieren a kann nach Champion ginn. Fir d'USR déi Fënneften sinn, geet et ëm näischt méi. All déi wou mat op Rëmeleng de Match kucken wëllen goen sinn invitéiert op de Parking vum Monnerecher Stade Communal ze kommen wou de Fan-Bus géint 14:30 fortfiert. Esou kann een d'Stëmmung virum a nom Match richteg genéissen. Kommt mat a maacht och dir Stëmmung fir eis formidabel Ekipp. Et ass den Ofschidsmatch vum Kapitän Kim Kintziger an dem Jérôme Georges, mä och vun den Trainer Angelo Fiorucci a Claude Heinz.
De Bus kascht näischt.
 
 
Dimanche pour le dernier match du championnat opposant l'US Rumelange au FC Mondercange, le club met gratuitement à disposition un fan-bus qui partira vers 14:30. RDV sur le parking du stade Communal de Mondercange.
Rumelange est cinquième sans plus aucun espoir pour une place de barragiste tandis que le FCM peut encore devenir champion de la Promotion d'Honneur.
Venez donc vous-aussi soutenir notre équipe fanion pour sa saison fantastique.
 
Ce sera le match d'adieu du capitaine Kim Kintziger et de Jérôme Georges, mais aussi des entraîneurs Angelo Fiorucci et Claude Heinz.
 
#wearefcm #weareback