Nationalfeierdag mat eisen ukraineschen Frënn
Foto vun Marco Bertamé
24 June 2022
Fir eisen Nationalfeierdag hat eis Gemeng op de Cortège invitéiert. Dës Kéier waren dann och eis ukrainesch Frënn dobäi déi wéi gewosst aus hirem Land hu flüchten missen.
Nom Cortège sinn zwou Gerben beim Monument aux Morts geluet ginn, eng vun der Monnerecher Gemeng an eng vum OGBL. Duerno huet eise Buergermeeschter Jeannot Fürpass traditionell eng Usprooch gehalen déi dës Kéier ganz emouvant fir eis Gäscht war nodeems hien och e puer Wuert op ukrainesch u si geriicht huet. Um Schluss huet d'Gemeng nach op den Aperitif invitéiert.
Wéi all Joer war och dës Kéier den FC Monnerech un de Festivitéiten vertrueden.
#wearefcm #weareback #wearechampion