Ouschtercup: Beetebuerg déi Bescht bei de Poussins

Foto vun Marco Bertamé



17 April 2017

Ouschterméindeg an et fänkt mat reenen un zu Monnerech. Zwanzeg Equippen stinn awer trotz kale Temperaturen vun 8:30 Auer un op den Terrainen. Jo, si sinn all komm ! Dat mécht dach Freed wann dat klappt. A véiert Gruppen vu jee fënnef Equippen gëtt an der Virronn gespillt Beetebuerg,, Déifferdeng, Monnerech A an Diddeleng klasséieren sech all mat dem Maximum vun de Punkten op déi éischt Plaz a kämpfen esou fir déi schéinsten Coupe. Am direkten Vergläich trennen Beetebuerg an Diddeleng sech mat 1:1, mä an deenen anere Mätscher wënnt Beetebuerg méi héich wéi den F91 an entscheet d'Rennen fir sech duerch eben e bessert Goalverhältnis. Drëtten gouf Déifferdeng a véiert den FC Monnerech A. Den FCM D gouf Zwieleften, Den FCM C Uechzéngten an den FCM B Zwanzegsten.



Am Anhang fann der déi komplett Resultater mam Klassement

Classement OC2017 Poussins.pdf