Ouschtercup: FCM wënnt U17 Galamatch

Marco Bertamé Foto vun Marco Bertamé



19 April 2019

Op Karfreideg war och dëst Joer wéi an deene leschte Joer d'Ouverture vum Ouschtercup. Dëst Joer nees eng Kéier mat engem Galamatch. Déi Monnerecher Jongen hunn hir Alterskollegen vun Käerjeng erausgefuerdert. Et goung awer ganz schlecht un fir den FCM well no nëmmen 5 Minutten stoung et 0:1 an et konnt een Schlëmmeres fäerten. An der éischter Véierelsstonn ass nämlech alles op de Monnerecher Goal gaangen. Mä de gudde Goalkeep deen alles gehalen huet wat op seng Këscht koum, huet seng Kollegen a Confiance gesat a lues a lues sinn déi och méi king ginn. An der 23. Minutt hunn si dann och de Goal zum 1:1 Ausgläich geschoss. Et war de Jasmin Babacic deen de Goal geschoss huet.

An der zweeter Halschent ass Käerjeng no enger Stonn mat 1:2 a Féierung gaangen. Monnerech huet sech awer op kee Fall opginn. Et ass gekämpft ginn a phaseweis och gudde Fussball gespillt ginn. An der 70. Minutt ass et dem Diego de Matos mat engem Lob gelongen de Käerjenger Goalkeep ze iwwerwannen an esou den Ausgläich ze schéissen. Elo hunn eis Jongen dru gegleeft an si waren ganz no um Erfolleg drunn. Déi gréissten Chance hat den Diego De Matos kuerz viru Schluss, awer et sollt net sinn. Do ass et an d'Eelefmeterschéissen gaangen fir e Gewënner ze ermëttelen. An hei war et net nëmmen spannend, mä dramatesch. De Monnerecher Goalkeep hat den drëtten Strofstouss gehalen, mä leider ass dee fënneften a leschten Monnerecher Eelefmeter un d'Lat gaangen. Elo war et e richtege Krimi. Jiddereen huet bis zum Stand vun 9:9 säin Eelefmeter erageschoss. Dann huet Monnerech den 10:9 geschoss. Käerjeng trëtt un an a verpasst, de Gewënner vum Galamatch vum Ouschtercup 2019 heescht FC Monnerech. Bravo un déi ganz Ekipp an hir Trainer.


Ouschtersonndeg geet et um 14 Auer weider mat de Kategorien Minimes a Scolaires