Ouschtercup: Hollänner wannen 3-Länner Turnéier

Foto vun Marco Bertamé



31 March 2018

Eise 15. Eltrona Ouschtercup ass am Gaangen! Den Optakt war eist 3-Länner Turnéier fir U18. Um 17 Auer ass et bei lichtem Reen ugaangen. Dobäi sinn eis Jongen verkrampft opgetrueden a sinn dem Ball a Géigner oft hannendru gelaf. Duerch individuell Feeler konnten d'Hollänner vum RKSV Merefeldia-Nederweert B dann och verdéngt mat 2:0 an't Paus gaangen. Nom Säitewiessel war et dunn een anere Match an d'Spiller vum Victor Lobo hunn elo dat ëmgesat wat hiren Trainer hinnen mat op de Wee ginn huet. Duerch e wonnerbaren Spillzuch konnten si och op 2:1 verkierzen. Trotz Beméiungen, sollt hinnen awer leider kee weidere Goal geléngen. Am zweete Match vun der Ausscheedungsronn verléieren si da kloer géint de Sporting Mäerzeg. Och hei hunn si sech an der éischter Halschent Feeler geleescht a louchen 2:0 hannen wou de Yannick Anen sech ouni Friemawierkung um Fouss verletzt. Dat Schlëmmst gouf gefaart an hien huet missen mat der Ambulanz an't Spidol gefouert ginn. Grouss war awer d'Erliichterung wou am Owend d'Nouvelle koum, dass näischt gebrach wir. Seng Kollegen hunn duerno wéi gehemmt gewierkt, jee, et ass net méi gelaf an Mäerzeg huet mat 7:0 gewonnen. Si sinn dann och déi Éischt an der Grupp ginn an hunn deemno an der Finale géint den RKSV Merefeldia-Nederweert A deen an där anerer Grupp Tabellenéischten gouf gespillt. An enger spannender Finale hunn d'Hollänner knapp mat 1:0 d'Iwwerhand op Mäerzeg behalen a wanne esou d'Editioun 2018 vum 3-Länner Turnéier vum Ouschtercup.

Drëtten gouf d'Fola Esch déi 4:3 no Eelefmeter géint RKSV Merefeldia-Nederweert B wannen. Den FC Monnerech koum no engem 3:1 no Eelefmeter géint SJG Saarlouis-Dillingen op déi fënneften Plaz.

Nom Turnéier war am gutt gehëtzten Zelt d'Iwwerreechung vun de Coupen a gutt Ambiance mam DJ Dirty Sanchez esou wéi e Béier Pong Turnéier ugesot. D'Spiller vun der Éischter Ekipp stoungen hannert dem Comptoir an och fir si war et eng flott Ofwiesslung vun deem stressegen Spillplang deen si no der Wanterpaus ze bewältegen haten an deen schonns dee nächsten Mëttwoch weider geet. Si si jiddefalls mat der selwechter Begeeschterung an Asaz wéi um Terrain zu Wierk gaangen.

Ouschtersonnden geet et mat de Minimes a Scolaires um 14 Auer weider.

Photogalerie


klassement 3 laenner turneier oc 2018.pdf