Ouschtercup: Op Ouschtersonndeg wannen Rodange a Fola

Foto vun Marco Bertamé



21 April 2019

Bei schéinsten Wieder a 25 Grad hunn op Ouschtersonndeg Kategorien Minimes a Scolaires gespillt. D'Ekippen déi sech ugemellt haten, sinn och alleguerten ugetrueden. Spiller, Trainer, Visiteuren waren zu iwwer 600 op de Monnerecher Stade Communal komm. Bei de Benevollen huet een och Spiller vun der éischter gesinn. Déi eng als Arbitter um Terrain, déi aner am Zelt hannert der Téik.

Um zwou Auer nomëttes huet dem Jupp seng Tut de Startschoss vum Turnéier ginn. Um Grasterrain (den Haaptterrain), hunn d'Minimes gespillt iwwerdeems d'Scolaires um syntheteschen Terrain gespillt hunn.

Bei de Scolaires hunn Schuller, Schëffleng, Union Titus Péiteng an déi Escher Fola sech an der éischter Ronn duerchgesat an hunn an der zweeter Ronn fir déi véier éischt Plazen gekämpft. Hei gouf et eng enk Saach well Fola an Titus Péiteng sech neutraliséiert hunn an hir aner zwee Mätscher allebéid gewonnen hunn. Duerch dat bessert Golverhältnis hunn déi Escher den Ouschtercup 2019 bei de Scolaires fir sech entscheet. Wéi schonns gesot, Kënnt Titus Péiteng op déi zweete Plaz, Schëffleng op déi drëtten a Schuller op déi véierten Plaz. Monnerech A ass op déi 7. Plaz, Monnerech B op déi 15. Plaz komm.

Bei de Minimes war nom éischten Tour och nees d'Fola als Gruppegewënner dobäi. Déi aner Gruppenéischten waren d'Fransousen vu Veymerange, Rodange a Käerjeng. Den FC Rodange 91 huet mam Maximum vun 9 Punkten kloer gewonnen. Hannendrun huet den CS Veymerange (4 Punkten), d'Fola Esch (3 Punkten) an Käerjeng (1 Punkt) sech placéiert. d'Monnerecher Ekippen hu sech op 10, 14 a 15 placéiert.

Esou ass ee flotten Ouschtersonndeg zu Enn gaangen. Op Ouschterméindeg ginn traditionell vill méi Visiteuren erwaart. Moies spillen d'Poussins ab 8:30 Auer, a nomëttes ab 14:00 Auer ass et un deene ganz Klengen, nämlech d'Kategorien Bambinis an Pupilles.


oc 2019 resultater minimes 2. tour.pdf

oc 2019 resultater scolaires 2. tour.pdf

oc 2019 resultater minimes 1. tour.pdf

oc 2019 resultater scolaires 1. tour.pdf