Ouschtercup: Syra Menster a Racing wannen bei de Pupilles a Bambinis


17 April 2017

De Méindeg de Mëtten waren nach zwou Kategorien am Asaz. Et waren dëst déi jéngsten déi ëm Coupen gekämpft hunn.



Bei de Pupilles ass eng Equippe ass alt nees net komm ouni sech of ze mellen. Et ass eis gelongen, eng gemëschten Equipp "Allstars Fussballstagen.lu" op Been ze kréien. Jee ee Spiller aus verschiddenen Equippen. Esou konnt op d'Mannst de normale Spillprogramm garantéiert ginn an d'Kanner konnten all genuch spillen. D'Resultat vun dëser Equippe ass allerdéngs net gewäert ginn. An der Virronn huet den FC Monnerech C, den FC Syra Menster, den F91 Diddeleng an och nach den FC Monnerech A sech als Tabellenéischt klasséiert. Si hunn deemno fir déi véier éischt Plazen géint eneen gekämpft. Hei gouf et e Novum um Oustercup. Nach ni huet de Gewënner FC Syra Menster geheescht! Dat wat 2017 dann fir d'Éischt de Fall. Den FC Monnerech A ass Zweeten ginn. Op déi drëtte Plaz huet sech den F91 Diddeleng klasséiert an den FC Monnerech C krut mat senger véierter Plaz och nach eng Coupe. Den FC Monnerech B koum op déi 15. Plaz.



D'Resultater an Klassement vun de Pupilles fann dir am Anhang



An och déi Allerklengst hunn um Ouschtercup fir Coupen gekämpft. Leider haten och hei sech zwou Equippen kuerzfristeg ofgemellt. Zäit war einfach ze kuerz fir nach een Ersatz ze fannen. Schued! Et bloufen also nach 14 Equippen iwwereg. Monnerech A hat eng staark Grupp erwëscht. No zwee gewonne Mätscher hu si mam allerknappsten Resultat vun 0:1 géint den RFCUL verluer. Dee Match hätte si och grad esou gutt gewanne kënnen. Esou huet den RFCUL ëm Coupen gespillt an den FCM A huet ëm Plazen 5 bis 8 gespillt. Si hunn dat dann och geschafft fir op déi 5. Plaz ze kommen. Eng Coupe hu si deemno knapp verpasst. Gewonnen huet eben awer och genee dee Géigner dee géint Monnerech gewonnen hat, nämlech den RFCUL. Op déi zweete Plaz bei de Bambinis kënnt den F91 Diddeleng, Drëtten gouf den FC Déifferdeng a gudde Véierten gouf d'Jeunesse Esch. Monnerech B ass op déi 14. Plaz komm.



An esou ass eisen Banana Ouschtercup zu Enn gaangen. Et war kee fantastescht Wieder, mä et hunn trotzdem vill Leit de Wee op de Stade Communal op Monnerech fonnt. Mir si ganz zefridden a soen all eise Sponsoren an all eise Benevollen e ganz grousse Merci fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung. Bravo heifir!



Zesummen een Zil, Rout-Schwaarz!

Classement OC2017 Pupilles.pdf