Pupilles wannen um Wantercup

Foto vun Marco Bertamé



11 January 2020

Schonns de Freiden den Owend ass de Wantercup - deen vun eiser Jugendkommissioun organiséiert ass - gestart. Et muss een soen, dass et e ganzt spannend Turnéier ass well bis elo sinn déi véier éischt Plazen ëmmer eréischt no Siwemeterschéissen entscheet ginn. Esou hunn sech de Freiden d'Scolaires vum Red Star Märel Belair an der Final géint UN Käerjeng duerchgesat. Drëtten gouf hei de Progrès vun Nidderkuer.

De Samschden de Moien war et un de Minimes. Och hei gouf et ganz spannend Finalen fir déi éischten an drëtten Plaz. Gewonnen huet hei Schëffleng virun der Escher Fola an dem Stater Racing.

Nomëttes hunn Pupilles dann fir Coupen gespillt. An enger ganz spannender Final tëschent staarken Fransousen vun Thionville an dem FC Monnerech stoung et no der regulärer Spillzäit 1:1. Och hei hunn deemno Siwemeter missen geschoss ginn. Beim leschten Versuch huet de Monnerecher Goalkeeper gehalen esou, dass den FCM Monnerech dës Final gewonnen huet. Drëtte gouf de Stater Racing