Reserven: Verdéngte Punkten zu Mënsbech

Foto vun Marco Bertamé



04 November 2017

Zu Mënsbech wollt den Trainer Sam Houyoux onbedéngt wannen. Dat war géint een direkte Konkurrent och ganz wichteg fir sech e bëssen Loft ze verschafen. An dat ass eise Reserven och gelongen, och wann si sech selwer d'Liewen e wéineg schwéier gemaach haten, hätte si de Match dach schonns an der éischter Halschent entscheede missen. Dat wichtegst sinn awer déi 3 big Points!



Eis Jongen hunn de Match direkt an d'Hand geholl a dominéieren de Ball a Géigner. Mënsbech probéiert et mat Forechecking a lancéiert vun Zäit zu Zäit eng Géigenattack, awer näischt fir de Luis Lima Da Luz a Gefor ze bréngen. Au Contraire, eis Jongen schaffen sech Chancen en Masse eraus. Fir der nëmmen e puer op ze zielen: Sidney Nürenberg (10.' an 12.'), Max Bertamé (15.'), Sidney Nürenberg (19.'), Mohammed Ouattara (26.'). Awer keen huet et fäerdeg bruecht de Ball hannert déi fatal Linn ze kicken. Esou ass et mat engem fir Mënsbech ganz schmeechelhaften 0:0 an d'Paus gaangen.



An der zweeter Halschent. huet net vill geännert. Signal huet de Geoffrey Croughs an der 57.' ginn wou säi Kappball knapp laanscht d'Kräiz geet. Eng Minutt méi spéit ass et dann souwäit. De gudde Sidney Nürenberg schéckt de Mohammed Ouattara mustergülteg an't Déift, deen ëmspillt de Goalkeeper a setzt nach laanscht e Verdeedeger zum 0:1 eran. De Knuet schéngt geplatzt ze sinn. An der 63.' zerwéiert den Arnaud Jabobs dem Mohammed Ouattara een um Plateau, mä dee verfeelt de Ball no Flank am 5 m-Raum. Monnerecht dréckt a schafft sech Corneren eraus. An der 65.' käppt de Mohammed Ouattara e Corner vum Max Bertamé placéiert an't Kräiz zum 0:2 eran. An der 71.' ass et nees e Corner vum Max Bertamé deen den 0:3 bréngt. Dës Kéier ass et den opgeréckelten Tom Volkmann deen de Ball an de Goal verlängert. Och dono hätt den FCM nach Goaler schéisse kënnen. 79.', Corner Max Bertamé a Kapp Sven Biever knapp dolaanscht an an der 80.', Flank Max Bertamé op de fräie Peddy Geschwind deen awer déi gutt Chance knapp dolaanscht setzt. Dann huet den Arbiter de schnelle Cédric Defoy zwee mol am Abseits gesinn wou kee war, mä wat soll et, déi dräi Punkten waren an der Täsch an den Trainer war méi wéi zefridden iwwert déi gutt Leeschtung vu senger Ekipp.