Reserven wannen Derby géint Schëffleng

Foto vun Marco Bertamé



15 November 2017

E ganz verdéngten Erfolleg hunn eis Reserven um Dënschden den Owend no enger staarker Leeschtung géint Schëffleng era gefuer.



Monnerech géint Schëffleng ass ëmmer en Derby wou et ëm de Prestige geet. Dësen Duell wollten eis Reserven awer onbedéngt fir sech entscheeden. Mat der richteger Astellung sinn d'Spiller vum Sam Houyoux deemno an dëse Match gaangen. No 25 Minutten geléngt et dem Patrick Mei den FCM a Féierung ze bréngen. Hien huet e super Match gemaach a war de beschte Spiller um Terrain. Elo ass Sécherheet opkomm a Monnerech hat de Match am Grëff. 10 Minutten drop ass dann den 2:0 duerch de Sarko Lukic gefall. Mat Elan a weiderem Drock ass et flott viru gaangen och wann bis zur Paus kee weidere Goal méi gefall ass.



D'Wieder vum Trainer an der Paus ware kloer: "Nëmme net lass loossen fir de Match net aus de Hand ze ginn. Dat wär géint dëse Géigner bei nach 45 ze spillende Minutten vill ze geféierlech." Dat hunn d'Jongen dann och mustergülteg ëmgesat a schonns an der 50. Minutt geléngt dem Sarko Lukic de virentscheedenden 3:0. An nees ass et hien deen an der 65. Minutt Schëffleng mat sengem drëtten perséinleche Goal de KO-Schlag versetzt. Schëffleng huet sech allerdéngs ni opginn an huet et ëmmer nees probéiert fir den Éieregoal ze schéisse. Dat ass hinnen awer net gelongen well déi Monnerecher Verdeedegung stabil stoung a grad wéi zu Mënsbech hannen d'Null gehalen huet. Esou konnten d'Spiller sech iwwert deen drëtten Erfolleg a Serie freeën. De war och an dëser Héicht ganz verdéngt. Mat dësem Erfolleg zitt Monnerech mat Schëffleng gläich a steet elo op Plaz dräi an der Tabell.