Seniors 2 wannen héich géint Ent. Munneref-Schengen

Foto vun Albert Krier



21 September 2022

Fir den zweeten Championnatsmatch zu Munneref konnt den Trainer Marc Depienne op eng ganz Rei Spiller aus dem Kader vum Dinis De Sousa zeréck gräifen. Deen wollt nämlech seng Spiller an Aktioun gesinn déi leschten Sonnden net mat der Éischter zum Zuch komm waren. Deementspriechend hu si sech och druginn fir sech ze empfeelen. De Marc Depienne huet senge Jongen gesot si missten och mat der zweeter Ekipp Vollgas ginn an dat huet och ganz gutt geklappt well jiddereen huet de Plan de Jeu an déi taktesch Consignen respektéiert esou, dass et no 30 Minutten schonns 0:3 a no 45 Minutten schonns 0:5 stoung. Wat flott ze gesi war, ass, dass keen op d'Brems getrëppelt ass an dorobber huet den Trainer och nach eng Kéier an der Paus insistéiert an de Jongen gesot, si sollen déi zweet Hallschent esou ugoen wéi wann et nach 0:0 géing stoen. Der Lokalekipp ass zwar schnell den Éieregoal gelongen, mä duerno hunn eis Jongen mat hirer individueller Klass Differenz gemaach an der nach sechs geschoss esou, dass dëse Match zur voller Zefriddenheet vun den Traineren Marc Depienne an Dinis De Sousa ausgaangen ass an och an der Héicht vun 1:11 verdéngt war. Onnëtz ze soen, dass den FCM II no zwou Victoiren un der Spëtzt vum Klassement ass, an dat zesummen mat Käerjeng.
 
D'Goaler hu geschoss: Anasse Bekhaled (2), Dany De Sousa (2), Lélé Mendes (2), Eddire Mokrani, Stefano Alunni, Fränk Rolgen, Luc Di Vora an Faissal Sahraoui.
 
De nächsten Match ass de nächste Méinden Doheem géint Berdenia Berbuerg. Ustouss ass um 20:00 Auer.
 
Photo ass vum Albert Krier. Merci un hien
 
#wearefcm