Seniors Reserven schloen Déifferdeng

Foto vun Marco Bertamé



25 October 2017

Um 7te Spilldag ass et eise Reserven gelongen déi dräi Punkten doheem ze behalen. Esou hu si e puer Plazen an der Tabell gutt gemaach. Dass et am zweeten Bezierk vun der 2. Klass keen einfache Match gëtt, huet ee gëschten och nees gesinn.



No 25 Minutten sinn eis Reserven mat 1:0 duerch de Gilles Even a Féierung gaangen. An der 35. Minutt huet den Tony Lopes den 2:0 per Eelefmeter gemaach. Mat deem Resultat ass et och an d'Paus gaangen. Duerch zwou Blessuren war den Trainer gezwongen fir déi zweet Halschent zwee Wiessel ze maachen. Déi sinn och gutt an de Match komm. Et war awer Déifferdeng déi no enger Stonne op 2:1 verkierze konnten. Dat huet eis Jongen e bëssen aus dem Rhythmus bruecht. Dann huet och nach den Tony Lopes wéinst enger Blessur missen aus gewiesselt ginn. Et ass schwéier, mä mat leschtem Asaz a vill Kampf geléngt et eis Jongen d'Resultat bis déi 90. Minutt ze halen an esou déi wichteg dräi Punkten ze huelen. Super Equippegeescht an en zefriddenen Trainer deen nom Match ganz frou war, dass hien Spiller aus dem Kader krut déi do net gespillt haten oder am Opbau sinn. Dofir wollt hien dem Trainer vun der éischter Equipe och Merci soen.