Seniors Réserves: Dräi Punkten am éischten Match

Foto vun Marco Bertamé



06 September 2022

Déi nei Saison ass gestart an eis Seniors Réserves sinn déi mat deenen beschten Argumenter ugaangen. 6:3 hu si géint Yellow Boys Weiler gewonnen.

et waren e puer Spiller dobäi déi an der éischter Ekipp nach net vill oder nach guer net zum Asaz koumen. Esou war de Kevin Ruppert, de Paul Bossi, den Johnny Amadei, de Bilal El Amraoui an de Faissal Sahraoui mat opgesat. Och den Alex Semedo deen jo gspaart war an den Hugo Rodrigues am  Goal waren mt dobäi. Et war de Paul Bossi deen sech schnell an Evidenz gesat huet an den 1:0 geschoss huet. No 18 Minutten stoung et duerch e weidere Goal vum Kevin Ruppert 2:0 fir eis Faarwen, nëmmen 4 Minutten drop ka Weiler awer op 2:1 verkierzen. An der Nospillzäit kann de Bilal El Amraoui den 3:1 markéieren.

No der Paus koum et knëppeldéck fir dem Marc Depienne seng Jongen. 3:2 an der 46. Minutt an 3:3 an der 49.' Minutt, an dat duerch de Kevin Hoffmann, e Monnerecher Jong. Dat war schonns eng Provokatioun well Monnerech huet fantastesch geäntwert andeems si direkt de 4:3 duerch de Faissal Sahraoui schéissen. An der 54. Minutt setzt de Kevin Ruppert e weidere Goal drop a suergt esou fir eng Virentscheedung. Keen Zweiwel méi op de Gewënner vum Owend gouf et nom 6:3 vum Paul Bossi deen sech esou och fir de Match vun e Sonnden empfeelen konnt. Bravo Jongen!

Schonns de Freiden geet et mat der Coupe weider. Ustouss ass um 20 Auer zu Lalleng wann et géint déi Escher Fola geet. Mär hoffen, dass  eis Jongen och dee Match gewannen. Allez FC Monnerech!

#wearefcm