Wantercup 2018 vum FCM: Poussins

Wantercup 2018 fir Poussins: FCM - FC Mënsbech Foto vun Marco Bertamé



14 January 2018

Um Sonnden de Moien ass déi 12. Oplag vum Monnerecher Wantercup fir Poussins ausgedroe ginn. Ab 9 Auer waren 10 Ekippen am Asaz an hunn der gutt gefëllter Monnerecher Sportshal ganz schéine a spannende Fussball gebueden. Deels waren et ganz intensiv Mätscher wou et Ufanks ganz gutt fir den FCM ausgesinn hat, mä dunn ass dee leschte Match géint Kënzeg an der Virronn leider knapp verluer gaangen wou ee Gläichspill duer gaange wär fir op déi éischt Plaz an der Grupp ze kommen. Déi Escher Fola huet sech natierlech iwwert dës onverhoffte Néierlag vun deene Monnerecher gefreet a koum esou op déi éischte Plaz.

Véierel fir Zwou war d'Finale tëscht der US Hueschtert an dem CS Fola eréischt eriwwer. Grad wéi gëschter bei de Minimes, hunn déi Escher sech och haut bei de Poussins duerch gesat, an dat mat 2:0.

Déi kleng Finale huet den FC Monnerech B dann och nach knapp mat 0:1 géint Käerjeng verluer dat sech esou déi 3. Plaz séchert. Fir den FCM A war et en 5. Plaz an den FCM C ass op déi 8. Plaz komm.

Ab zwou Auer sinn Bambinis am Asaz.