Wantercup: Fola wënnt bei de Poussins

Foto vun Marco Bertamé



12 January 2020

Ganz spannenden a flotten Fussball ass um Sonndeg Moien an der Monnerecher Hal gebueden ginn. Am Kader vum Wantercup hunn déi Escher Poussins vun der Fola déi éischten Plaz gemaach.

An der Gruppenphase haten eis Jongen vum FCM A hir dräi Mätscher gewonnen befiert si an enger virgezunner Final géint déi spillstaark Fransousen vun Thionville ugetrueden sinn. Et war e gudden Match wou et hin an hir gaangen ass a wou et um Enn keen Gewënner gouf. No dësem 0:0 haten eis Jongen 10 Punkten, Thionville awer just 8 well si hiren éischten Match nëmmen gläich gespillt haten. Esou stoungen eis Jongen an der Finale géint Fola déi hir Grupp ganz souverän mat 4 Victoiren ofgeschloss huet.

Monnerech B verléiert géint Jeunesse Esch a kënnt op déi 6. Plaz iwwerdeems Monnerech C déi kleng Final ëm déi drëtten Plaz géint Thionville gespillt huet. Si hunn et fäerdeg bruecht d'Fransousen mat 1:0 ze schloen an esou déi drëtten Plaz ze maachen. En Exploit deen ëmsou méi héich unzerechnen ass well et deen eenzegen Géigengoal war deen Thionville zougelooss huet. Monnerech A géint Fola Esch huet d'Final geheescht. Et war eng spannend Final wou keen deen aneren wannen wollt loossen. Déi Escher haten awer dat beschten Enn fir sech an wannen mat 1:0 an esou Turnéier vun de Poussins. Fir eis Jongen ass et awer en ganz gudden Wantercup mat enger zweeter, drëtter an sechster Plaz. Bravo!