Wantercup vum FC Monnerech

Foto vun Marco Bertamé



13 January 2019

Dëse Weekend war nees wéi all Joer am Januar, nees eng méi lass an der Monnerecher Sportshal. Et war den traditionellen Wantercup fir Jugendekippen vun de Kategorien Bambinis bis Scolaires deen erëm vill Leit an d'Sportshal ugelackelt huet.

D'Scolaires hunn Freides Owes de Startschoss ginn. An der Qualifikatiounsronn waren an der Grupp vum FCM dräi Ekippen punktgläich. Duerch de Goal Average koum den FCM awer just hannert Schuller op déi zweete Plaz an huet esou déi kleng Finale géint Hueschtert ëm déi drëtte Plaz gespillt. Dëse Match hu si allerdéngs verluer a koumen op déi véierte Plaz. D'Finale huet awer de Noper Schëffleng géint Schuller fir sech entscheet.

Samschdes ass et dann mat de Minimes weider gaangen. Zwou Ekippen hunn dës Kategorie dominéiert an hunn schéinen kollektiven an techneschen Fussball gespillt. Et waren dat d'US Hueschtert an den FC Mamer 32 déi deemno och an der Final géinteneen gespillt hunn. An der Virronn haten béid Ekippen mat villen schéine Goaler geglänzt, an der Final hu béid Ekippen sech awer neutraliséiert a et huet geschéngt, dass keng Ekipp Decisioun provozéiere géif. Mä si ass awer kuerz viru Schluss fir Mamer duerch eng flott a schnell Spillkombinatioun gefall. Esou wënnt Mamer virun Hueschtert. Drëtten ass Schëffleng ginn. Monnerech A huet de Match ëm déi 5. Plaz mat 3:2 géint Monnerech B gewonnen.

Nomëttes war et un de Pupilles. An der Virronn war et an deenen zwou Gruppen ganz eng. Monnerech A huet vu sengem besseren Golavérage profitéiert fir sech viru Schëffleng op déi éischte Plaz ze placéieren. Hamm Benfica hat just 1 Punkt manner. An där anerer Grupp waren och zwou Ekippen gläich. Diddeleng an d'Fola. hei ass Diddeleng wéinst engem méi geschossenen Goal an d'Finale komm. Dës Final konnt den FC Monnerech awer fir sech entscheeden an huet den F91 Diddeleng, déi Escher Fola a Schëffleng op Plazen verwisen.

Sonndes Moies war et dunn un de Poussins wou den F91 Diddeleng gewonnen huet. Zweeten ass d'UN Käerjeng 97 ginn, Drëtten den FCM A deen déi kleng Final géint d'Entente Munneref/Uespelt fir sech entscheet huet.


An zu gutt a lescht war et Sonndes Nomëttes un deene Klengsten, nämlech Bambinis. Nees Gouf et en anere Veräin deen gewonnen huet.  Dës Kéier war et um Tour vun de Käerjenger déi an der Final géint Monnerech A gewonnen hunn. Déi kleng Final ëm déi 3. Plaz huet den F91 Diddeleng fir sech entscheet an huet Schëffleng op déi 4. Plaz verbannt. Esou ass e flotten a spannenden Weekend zu Enn gaangen. D'Jugendkommissioun huet säin nächste grousse Rdv am Abrëll (19, 21 an 22 Abrëll). Et ass déi 16. Editioun vum FCM Ouschtercup.