Zweet Ekipp: Och Berbuerg muss dru gleewen

Foto vun Marco Bertamé



28 September 2022

De Méindeg den Owend hat eis zweet Ekipp hiren drëtten Championnatsmatch doheem géint Berbuerg. Soe mer et viraus, eis Jongen hu näischt ubrennen gelooss. No 21 Minutten war et de Frank Rolgen deen de Wee fräi gemaach huet fir weider Goaler. An der Paus stoung et deemno schonns 4:0  duerch weider Goaler vum Dany De Sousa, Kader Bourtal an Johnny Amadei.
No der Paus hunn d'Jongen dat gemaach wat hiren Trainer Marc Depienne vun hinnen verlaangt huet, nämlech weider Fussball gespillt. No engem Goal vum Yann Bourscheid war et ee Selbstgol vum Berdenia befiert de Jasmin Babacic an den Diogo De Matos de Sak definitiv zougemaach hunn. Um Schluss stoung et 8:0 fir den FC Monnerech II.
Deemno Tabelleplaz 1 erfollegräich verdeedegt. UN Käerjeng 97 II huet och de maximum vun 9 Punkten, awer just en Goldifferenz vu +10 iwwerdeems den FCM II eng vun +21 huet. Bravo Jongen a weider esou! 
 
#wearefcm