2013 ass schonn eis 10. Editioun vum Ouschtercup. Och 2013 hu mir Turnéier nees op zwee Deeg verdeelt an hu bal 100 Équipen invitéiert.
Reservéiert iech also elo schonns den Ouschterweekend.
Ouschtersonnden den 31/03/2013 ass vun 14.00 Auer u fir Minimes a Scolaires programméiert
iwwerdeems
Ouschterméinden den 01/04/2013 fir Bambinis, Poussins a Pupilles vun 8.30 Auer un um Site vum Stade Communal zu Monnerech reservéiert ass.
Op Karfreideg de 29/03/2013, spillen eis Cadets um 17.00 Auer e Galamatch géint den FC Metz. Et ass dann awer och zum Ulass vun den 10 Joer Ouschtercup um 18.30 Auer eng ganz offiziell Ouverture mat enger Photosausstellung an Éierewäi programméiert. Um 20.15 Auer spillt dann eis éischt Équipe hire Championnatsmatch géint d'Alliance Äischdall.
Den Organisatiounscomité (COOC 2013) behält seng Member vum leschte Joer a kann nach op zwee weider Memberen zielen. D'Martine Biever an de Pedro Oliveira hunn sech dem COOC ugeschloss.
COOC 2013 V.l.n.r.: Pascal Wagner, Pedro Oliveira, Luca Ontano, Irene Dhur, Martine Biever, Guy Weyer, Marc Volkmann, Marco Bertamé, Jupp Biever Op der Photo feelt de Marc Even