2014 war eis 11. Editioun vun eisem Ouschtercup. Mat engem flotte Galamatch tëscht den U18 vum FC Monnerech an dem FSV Mainz 05  war Turnéier op Karfreidegagelaut ginn. 2014 war och d'Joer vun der Fussballweltmeeschterschaft a Brasilien an esou hate mir op Ouschterméinden eng Panini Tauschbörs am groussen Zelt organiséiert. Déi hat en enormen Succès.

Den OC 2014 war am Virfeld och bei den RTL Radio. Alles an allem war den OC 2014 mat guddem Wieder verwinnt a war nees e vollen Erfolleg. Am ganze waren déi zwee Deeg nees bal 100 Équipen zu Monnerech vertrueden.


Video vum IF Ouschtercup 2014
 
Abee, och dëst Joer huet de COOC eng flott Affiche op d'Been bruecht. Et ass en internationalen Vergläich fir U17 mat enger auslännescher Équipe geplangt. Reservéiert iech also elo schonns den Ouschterweekend woubäi den Ouverture-Match traditionell op Karfreideg den 03/04/2015 ausgedroe gëtt. Um 18:00 Auer trëtt den FC Monnerech géint déi Rheinland-Pfälzesch Équipe SG Südeifel un. Duerno ass bis Mëtternuecht Party ugesot. Fir d'Musék an d'Ambiance suergt den DJ Dirty Sánchez an eng Barman Show ass och ugesot.


Ouschtersonnden de 05/04/2015 ass vun 14.00 Auer u Turénier fir Minimes a Scolaires programméiert  

iwwerdeems
 
Ouschterméinden de 06/04/2015 fir Bambinis, Poussins a Pupilles vun 8.30 Auer un um Site vum Stade Communal zu Monnerech reservéiert ass.
   
Natierlech ka jidderee sech, och wann et dobaussen e wéineg méi kal sollt sinn, an eise gehëtzten Zelter oder esou richteg wuelfillen. Do gëtt et ze drénken an ze Iessen. Och uewen op an eisem Club House, wou der eng flott Vue op den Terrain hutt, gitt der gutt versuergt. Do sinn och d'Gewënner vun eiser Tombola opgeriicht. Ouschtersonnden an Ouschterméiden ass iwwregens während deem ganzen Turnéier fir Ambiance gesuergt. Eisen Ouschterhues ass permanent ënnerwee an eisen Haaptsponsor "Join" ass och mat senger Équiper an engem Dschungelzelt op der Plaz. Si hunn ee grousse Concours ausgeschriwwen. McDonald's ass och nees mat engem Sprangschlass op der Plaz an huet och e Bodypainting Atelier an eng ganz Rei aner Aktivitéiten an Spiller fir Kanner.

Zeréck bei Ouschtercup

De COOC 2015

De COOC 2015
V.l.n.r.: Marco Bertamé, Jupp Biever, Irene Dhur, Danilo Ontano, Pedro Oliveira, Pascal Wagner, Marlène Bertamé, José Dhur, Martine Biever a Marc Volkmann
Feelen op der Photo: Guy Weyer, Luca Ontano an Giancarlo Sartori

Minimes vun der Jeunesse