Karfreideg den 19. Abrëll ass de Startschoss um 19 Auer mat eisem U17 Galamatch tëscht dem FC Monnerech an UN Käerjeng 97
Am gehëtzten Zelt krit een ze drénken an z'iessen a wéi ëmmer ass och Club House iwwert der Tribune op. Do gesidd dir gutt op den Terrain 1 an 2. Beim Terrain 2 (syntheteschen Terrain) ass och eng Buvette an neierdengs en Ënnerstand.
Op Ouschtersonndeg 21. Abrëll spillen ab 14 Auer d'Kategorien Minimes a Scolaires
FC Monnerech A, FC Schëffleng 95, FC Monnerech B, CS Fola Esch, Union 05 Käl/Téiteng, FC The Belval Bieles, Union Titus Péiteng, FC Una Stroossen, UN Käerjeng 97, FC Monnerech C, Red Star Märel Belair, RM Hamm Benfica,FC Tricolore Gaasperech, CS Veymerange (F), CS Uewerkuer, FC Rodange 91
Bei de Scolaires spillen:
FC Monnerech A a B, Union Titus Péiteng A a B, CS Fola Esch, FC UNA Stroossen, RM Hamm Benfica A a B, FC Schëffleng 95, FC Tricolore Gaasperech, FC Rodange 91, FC ES Schuller, Progrès Nidderkuer, FC Blo-Wäiss Izeg, Jeunesse Esch, SC Beetebuerg
Ouschterméinden 22. Abrëll spillen ab 8:30 Auer Poussins
Et spillen: FC Monnerech A, B an C, FC Schëffleng 95, FC Yellow Boys Weiler, FC Kielen, UN Käerjeng 97, Jeunesse Esch, CS Fola Esch, FC Tricolore Gaasperech, Union 05 Käl/Téiteng, US Sandweiler, FC ES Schuller, Progrès Nidderkuer, Union Titus Péiteng, FC Syra Menster, CS Veymerange (F), CS Uewerkuer, FC The Belval Bieles, FC Jeunesse Jonglënster
Ouschterméinden 22. Abrëll spillen ab 14:00 Auer d'Kategorien Pupilles a Bambinis
FC Monnerech A a B, FC Schëffleng 95, UN Käerjeng 97, Sporting Club Bartreng, RM Hamm Benfica, CS Fola Esch, FC Jeunesse Jonglënster, FC Tricolore Gaasperech, US Sandweiler, Progrès Nidderkuer, Union Titus Péiteng, CS Veymerange (F), FC Yellow Boys Weiler, US Halthier (B), CS Uewerkuer
FC Monnerech A a B, RFCUL, FC Schëffleng 95, UN Käerjeng 97, Jeunesse Esch, FC Alisontia Steesel, FC Tricolore Gaasperech, CS Fola Esch, US Sandweiler, Progrès Nidderkuer, Union Titus Péiteng, CS Uewerkuer, FC The Belval Bieles, FC Déifferdeng 03 A, FC Déifferdeng 03 B
Am ganzen stinn den Ouschterweekend iwwert 900 Jugendspiller zu Monnerech um Terrain!
Gespillt gëtt um Stade Communal vu Monnerech, an dat op Gras an op syntheteschem Terrain. De Monnerecher Terrain läit op der Lampecher Strooss tëscht der FLF an der Kartingspist.