23/03 & 24/03/2008: Et woar déi 5. Oplag vun eisem Ouschtercup Et ass e groussen Opwand. Des Kéier op zwee Deg opgedeelt mat bal 1.000 Kanner a Jugendlecher déi Fussball spillen. E sportlecht wéi kulturellt Erliefnis. Denn 2008 hate mir décidéiert fir 75 Joer Bestoe vum FCM, eisen Deel bäizedroen an hun zousätzlech Cadets a Losirs-Équipen invitéiert.
2008 hate mär vun allem: Keelt, Sonn a Schnéi an zeguer Knëppelsteng. Gespillt gouf trotzdem. Um Enn wor et e vollen Erfolleg op der ganzer Linn. Jugendkommissioun an Organisatiounskomité woaren total zefridden.