Et ass ewell déi 8. Editioun ënnert dëser Form a mär hoffen, dass mer 2011 erëm méi Chance mam Wieder hunn wéi dat leider 2010 op Ouschtersonnden de Fall war. Schliesslech soll eisen Tournoi nees e volle Succès fir all Bedeelegt ginn. Reservéiert iech also elo schonns den Ouschter Week-end.
Ouschtersonnden de 24/04/2011 fir Pupilles a Cadets vu 14.00 Auer un
an
Ouschterméinden de 25/04/2011 fir Bambinis, Poussins, Minimes a Scolaires vun 8.30 Auer un um Site vum Stade Communal zu Monnerech.
Organisatiounscomité COOC 2011 V.l.n.r.: Jupp Biever, Guy Weyer, Marc Volkmann (Président), Marco Bertamé, José Dhur, Raymond Blom, Gérard Batting Op dëser Photo feelen de Romain Ferry an de Jos Scotto