D'Jugendkommissioun vum FC Monnerech organiséiert och 2014 nees traditionell de Wantercup an der Monnerecher Sportshal. Den Haaptsponsor huet awer elo geännert. McDonald's gëtt deemno duerch dem Mett Timmesch seng Firma "MT Toitures" ersat. Et geet nees alles an engem Weekend iwwert d'Bühn, vu Freides Owes bis Sonndes Owes. Just d'Cadets spillen de Weekend drop.
Gespillt gëtt de Weekend vum 10. bis den 12. Januar 2014:
- Freiden den 10/01 um 18:30, Scolaires: 1. & 2. Plaz
- Samschden den 11/01 um 09:00, Minimes: 2. & 4. Plaz - Samschden den 11/01 um 14:00, Pupilles: 1. & 8. Plaz - Samschden den 11/01 um 18:15, Pappenturnéier: 4. Plaz
- Sonnden den 12/01 um 09:00, Poussins: 3., 7. & 8. Plaz
- Sonnden den 12/01 um 14:00, Bambinis: 6. & 8. Plaz
Mä awer och nach de Samschden den 18. Januar 2014 gëtt nach gespillt. Dann näämlech sinn eis Cadets um Tour.
- Samschden den 18/01 um 09:00, Cadets: 1. Plaz
Moies fréi gëtt et schonns Kaffi a Mëtschen an der Buvette vun eiser Sportshal. A fir den Apéritif virum Iessen ass och gesuergt. Kee Gronn also, net ze kommen.
D'Pappen vun eise Jongen, kréien och nees hiert Turnéier. Si suergen wéi ëmmer fir eng gutt Ambiance an hei gëtt et ëmmer schéi spannend. Dat muss ee gesinn, well hei geet et ëm Alles, je et ass bal wéi op enger Weltmeeschterschaft!
Mir zielen op iech well wéi üblech ass ëmmer eppes lass wann eis Monnerecher Jonge spillen. Kommt, an ënnerstëtzt eis Jongen.