Nationale Fussballdag zu Ettelbréck. Moies war et nach e wéineg frësch a fiischt. Lues a lues huet d'Sonn sech awer duerchgesat an et ass ëmmer méi waarm ginn. E perfekten Sonndeg fir esou eng grouss Organisatioun.
Minimes a Scolaires hunn den Ufank gemeet. Hei sinn déi zwou Monnerecher Équipë gutt opgetrueden a just mat Pech an der 1/8-Finale am décisive Strofstoussschéiisen erausgefall.
Poussins a Pupilles vum FCM hunn et leider net iwwert Virronn gepackt.
Anescht ass et bei de Bambinis vum FC Monnerech gelaf déi eis jo schonns mat gudde Resultater verwinnt hunn. Abee, um Sonndeg hu si dann och hiren éischten offiziellen Titel gewonnen. Si sinn näämlech de Gewënner vum 26. nationale Fussballsdag vun der FLF. Bravo un déi ganz Équipe.Et war heinsdo beängschtegend wéi si wéi eng Dampwalz alles plattgewalzt hu wat komm ass. 4:0 géint Luerenzweiler, dann 4:1 géint d'Ent. Housen/Wëlwerwolz, 4:0 géint Déifferdeng, dann 3:0 géint US Hueschtert fir mat 3:0 géint Rëmeleng ofzeschléissen. Diddeleng huet wéinst senger Dommheet (si hunn ee Match verpasst) deene Suessemer de Virtrëtt missen iwwerloossen. Déi kruten an der Véirelfinale géint eis Jongen a Meedercher awer den zweete Präis (3:1). An der Halleffinale geet 1 Goal géint Minerva Lëntgen duer fir an't Finale anzezéien. Hei geet et da géint d'Etzella Ettelbréck. Dem Mike Nürenberg seng Trupp mécht hei nees e feelerfräie Match a spillt Kaz a Maus mam Géigner a wënnt dës Finale kloer an däitlech mat 4:0.
Esou sinn déi Monnerecher Bambinis elo offiziell déi bescht am ganze Land. Bravo Lynn, Bravo Jongen, Bravo Mike, awer och Nico dee si am éischten Deel vun der Saison trainéiert hat. Et ass einfach sensationell wat si dës Saison fäerdeg bruecht hunn well si hunn och all hir 18 Championnotsmätscher an dëser Saison gewonnen. Si hunn 17 Turnéier an der Saison 2012/2013 gewonnen a just ee mol hu si dat net geschafft!
Einfach sensationell!
Hei déi 17 Turnéiererfolleger:
1. US Béiwen, 2. RFCUL (Hal), 3. CS Fola (Hal), 4. FC The Belval Bieles (Hal), 5. Wantercup FC Monnerech (Hal), 6. Avenir Beggen (Hal), 7. US Hueschtert (Hal), 8. ES Kënzeg (Hal), 9. Résidence Walfer (Hal), 10. Ouschtercup FC Monnerech, 11. FC Schëffleng 95, 12. CS Péiteng, 13. Blo Wäiss Izeg, 14. Ettelbréck, 15. US Hueschtert, 16. FC Schengen, 17. Beachsoccer Résidence Walfer.
De Freiden de 5. Juli 2013 hat d'FLF all d'Gewënneréquipen vum nationale Fussballsdag an den OUTLETSTORE by FREELANDER'S op de Mierscherbierg invitéiert. Esou waren dann och e puer Bambinis a Begleedung vu Membere vun der Jugendkommissioun op Miersch gefuer.
Fir si hat et sech och rentéiert, hu si dach fir hir éischte Plaz e ganze Set vun Trainingskostümer krit. Stellvertriedend fir d'Jugendkommissioun vum FC Monnerech huet de Luca Ontano dann awer och nach en Akafsbong iwwert 125 EUR entgéint geholl. Dee war fir déi gutt 4. Plaz vum FC Monnerech an der Klubwäertung. Dat ass ee ganzt gutt Resultat, klasséiert den FCM sech dach hannert den Équipë vum RFCUL, FC Déifferdeng 03 an dem FC Rodange 91.
D'Erfollëgs Équipe: Lynn Geuer, Yann Batting, Jia Wang Alex Zhu, Liam Nürenberg, Charel Wagner, Marco Ontano, Jamie Zwank, Diego Duarte, Jeremy Oliveira, Noe Lessyn, Jo Gschwend, Alessandro Marchese, Chris Sevilla, Nelson Da Costa Lamarosa, Matteo an Mathis Bianchi, Cardoso Ivo, Thilges Eric, Kinsch Felix, Arendt Justin an Reis Rodrigo.
Hir Erfollëgstrainer: Nico Tironzelli (Trainer vum 1. Deel vun der Saison) an Mike Nürenberg (Trainer vum 2. Deel vun der Saison)