FCM Aufschlossfeier
11th July 2026
FC Mondercange
Fotograféiert vum Marco Bertamé (FCM)
Bei schéinstem Wieder a bei héijen Temperaturen ass um Monnerecher Terrain 3 eng Ofschlossfeier organiséiert ginn. Et war gläichzäiteg fir d'Jugend a fir d'Senioren. Et ass dann och profitéiert ginn fir sech firzestellen a sech bei de Leit bekannt ze maachen.
De Präsident Luc Kremer huet d'Memberen vum Comité virgestallt, da war et de sportlechen Direkter fir d'Jugend Marc Oberweis deen dat neit Konzept vun der Jugendaarbecht erklärt huet an Traineren fir déi nei Saison eenzel virgestallt huet. Hien huet och säi Wonsch ausgedréckt, dass jiddereen de Slogan "WeAreFcm" liewe muss an déi Monnerecher Faarwen héichhale soll.
Zu gutt a Lescht war et de sportlechen Direkter fir Senioren Alessandro Alunni deen säi Staff Technique an d'Spiller vun der éischter Ekipp bekannt gemaach huet déi Moies nach en haarden Training haten.
Et gouf z'iessen an ze drénken an et gouf sech ausgetosch a gefeiert. Eng flott Initiative fir de Club zu enger Eenheet zesumme wuessen ze loossen.
#wearefcm
