De Jean-Claude Schanen huet eis verlooss
12th November 2026
FC Mondercange
đź–¤ Mat grousser Trauer hu mir vum Doud vum Jean-Claude Schanen a Kenntnis geholl.
De Jean-Claude Schanen war vun 2010 bis 2012 President vum FC Monnerech. Virun allem wäert hien awer als fréiere Buergermeeschter vun der Gemeng Monnerech (1998 bis 2005) a gudder Erënnerung bleiwen. Mat sengem Engagement a senger Visioun huet hien entscheedend dozou bäigedroen, datt de Stade Communal matt sengen 2 Terrainen gebaut gouf op deem de FC Monnerech haut nach seng Mätscher ausdréit an déi ganz Woch drop trainéiert gëtt. Fir dës wäertvoll Ënnerstëtzung a säi laangjäregen Asaz si mir him zu groussem Dank verpflicht.
An dëse schwéieren Amenter ginn eis Gedanken u seng Famill, seng Frënn an all seng Léifsten. Mir deelen hir Trauer a wënschen hinne vill Kraaft a Courage.
De FC Monnerech wäert de Jean-Claude Schanen e respektvollen an dankbare Gedenke behalen.
🕯️ Rou a Fridde Jean-Claude.
Fotograféiert vum Marco Bertamé

